Chamberkommissioun Santé & FamillMir si geschwënn um Peak vun den Infektiounen ukomm

Claudia Kollwelter
D'Variant BA2 vum Coronavirus ass zwar méi ustiechend, de Verlaf vun der Krankheet ass awer och méi harmlos an d'Spideeler sinn net iwwerlaascht.

Mir si gläich um Peak vun den Infektiounen ukomm an et si virun allem Leit mat Virerkrankungen, déi um Coronavirus stierwen. Ënnert anerem déi Konklusiounen hunn d’Gesondheetsministesch Lenert an d’Familljeministesch Cahen e Freideg de Moien an den zoustännege Chamberkommissiounen gezunn, wou op Nofro vun der CSV de Point iwwert déi aktuell Covid-Situatioun gemaach gouf.

Santé-Chamberkommisioun Covid - Rep. Claudia Kollwelter

D’Variant BA2 vum Coronavirus ass zwar méi ustiechend, de Verlaf vun der Krankheet ass awer och méi harmlos an d’Spideeler sinn net iwwerlaascht. Et wier och keng Surmortalitéit par Rapport zu anere Jore festgestallt ginn, erkläert den LSAP-Deputéierten a President vun der Santéskommissioun Mars Di Bartolomeo.

Mars Di Bartolomeo: Déi Leit, déi stierwen - dat ass keen Trouscht - sinn entweder an engem héijen Alter mat anere Krankheeten an deelweis net geimpft, a bei deene méi Jonke kombinéiert sech “schwéier Krankheete vu virdrun” mat “net geimpft”.

Mars Di Bartolomeo am Interview
D’Variant BA2 vum Coronavirus ass zwar méi ustiechend, de Verlaf vun der Krankheet ass awer och méi harmlos an d’Spideeler sinn net iwwerlaascht.

Sujet waren och d’Alters- a Fleegeheemer, wou insistéiert gouf, datt den Impakt vum Virus an de Mesuren op d’psychesch Gesondheet vun de Leit net vergiess dierft ginn. D’Leit hätten d’Flemm. Wat d’Impfunge betrëfft, huet den CSV-Deputéierte Claude Wiseler d’Fro gestallt, wéi eng Konklusioune Lëtzebuerg zitt, nodeems de franséische Gesondheetsminister dës Woch vun engem Effekt vu 4 Méint vun der Boosterimpfung geschwat huet.

Claude Wiseler:Et ass effektiv e Problem, deen nach net ganz cernéiert ass, mä wou d’Gesondheetsministeren d’EMA ugestallt hunn eng europäesch Äntwert ze proposéieren. Dat soll d’nächst Woch gemaach ginn. Wou gekläert soll ginn, ob eng 4. Impfung noutwenneg wier a fir wéi eng Kategorie vu Leit.

Fir d’Deputéiert vun déi Lénk, Nathalie Oberweis stellt sech d’Fro vun der Impfflicht och erëm.

Nathalie Oberweis: Ass et gerechtfäerdegt eng Impfflicht ze maachen, fir eng Situatioun déi am Moment op d’mannst net dramatesch ass?

No der Ouschtervakanz soll op en neits de Point iwwert d’Covid-Situatioun hei am Land gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO