Bilan vun déi Gréng"Mir si keng Fraktioun, déi aus der Hëft schéisst"

Carine Lemmer
"Mir wëlle fair mat de Koalitiounspartner zesummeschaffen": Déi Gréng hunn um Dënschdeg de Bilan vum aktuell parlamentaresche Joer gezunn.
Gréng: "Mir si keng Fraktioun, déi aus der Hëft schéisst"
"Mir wëlle fair mat de Koalitiounspartner zesummeschaffen": Déi Gréng hunn um Dënschdeg de Bilan vum aktuell parlamentaresche Joer gezunn.

Bilan Gréng / Reportage Carine Lemmer

Déi Gréng – mat hiren 9 Deputéiert an der Chamber - gi sech diplomatesch a wëllen net einfach esou eng Iddi lancéieren, sot d‘Fraktiounscheffin Josée Lorsché. Et wär een e Bestanddeel vun enger 3-er Koalitioun an net an der absolutter Majoritéit.

Fir eng Steierreform wär de richtege Moment, wann ee pandemieméisseg op stabille Féiss steet.

Nach wär déi nämlech net eriwwer. Lëtzebuerg hätt sech allgemeng gutt duerch d‘Corona-Kris geschloen, et géif awer kee Grond gi fir Euphorie. Et wär wichteg, datt een aus der Kris léiert an eng wäitgräifend Analyse mécht, sou d‘Josée Lorsché. Zil wär et, d‘Krisegestioun nach besser ze maachen, well vu Pandemië géif een an Zukunft warscheinlech net verschount bleiwen.

De Waringo-Rapport iwwer d‘Situatioun an den Altersheemer géif net näischt hir ginn, mä och net alles. De Rapport géif Piste weisen, wou nach misst dru geschafft ginn. An déi Gréng ënnerstëtze méi e breet Opschaffe vun der ganzer Kris.

De Kampf géint de Klimawandel ass fir déi Gréng déi iewescht Prioritéit an déi gréisst Erausfuerderung vun der Zäit. Katastrophen, déi sech multiplizéieren, wären net just en onglécklechen Zoufall, huet et geheescht.

D‘CSV haten um Méindeg d‘Chamberaarbecht kritiséiert, d‘Chamber kéint een och ofschafen, sou wéi d‘Regierung mat hir géif ëmgoen. Fir déi Gréng ass dës Kritik onverständlech. Et hätt ee geschafft wéi nach ni virdrun, mat sou vill Sëtzunge wéi nach ni virdrun an et géif ee sech – als Parlament – ëmmer méi emanzipéieren.

PDF: De Pressedossier

Back to Top
CIM LOGO