
D’Lydie Polfer huet ënnerstrach, datt d’Stad Lëtzebuerg séier op déi aktuell Situatioun an hir Konsequenze reagéiert hätt.
D’Gemeng Lëtzebuerg géif net just symbolesch hir Solidaritéit weisen, mee géif och konkret hëllefen, andeems een ënnert anerem Plazen zur Verfügung stellt, wou d’ukrainesch Refugiéë kënnen ënnerbruecht ginn.
“Mir hunn den Hotel “Grace” gelount zu Bouneweg an hunn och eng méi grouss Plaz zur Verfügung gestallt, wou bis 200 Leit kënnen ënnerbruecht ginn an dat ass zu Hollerech dat grousst Gebai, wou d’Creos fréier dra war.”
Ufanks der Woch wieren d’Raimlechkeeten eidel gemaach a vum ONA ageriicht ginn, sou datt déi éischt Ukrainer konnten opgeholl ginn. Den Hotel zu Bouneweg wier vum 1. Abrëll un disponibel, huet d’Lydie Polfer preziséiert. Eng wichteg Plaz ass a bleift awer och d’Luxexpo, wou elo eng zweet Hal fräi gëtt.
“Dat geet awer just bis den 11. Abrëll, well d’Luxexpo dono och versicht, en normaalt Liewen ze organiséieren, wat een och versteet an och wichteg ass. Dofir ass d’Struktur zu Hollerech wichteg. Mee et gëtt jo och un enger grousser zu Conter/Mutfert geschafft, wou bis zu 1.000 Leit kënnen ënnerkommen.”
Weider 100 bis 120 Leit kéinten an Zukunft och an der aler Pompjeeskasär op der Areler Strooss ënnerkommen.