Rieds geet vun der Maternité vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch. Eng Responsabel soll hei vereenzelt Hiewannen aus hirem Service geziilt kujenéiert hunn. Dëst sinn Aussoen, déi RTL vu fréieren an aktuelle Mataarbechter reportéiert kruten.
Firwat si sech op verschidde vun hire Mataarbechterinnen ageschoss hat, wier net kloer gewiescht. Ma déi Responsabel vun der Escher Maternité hätt ganz aktiv en Deel vun hirer Ekipp „gemobbt“ an Deels esouguer bis an de Burnout gedriwwen. Dat soen eis géintiwwer ënnert anerem zwou Hiewanen, déi an Tëscht net méi do schaffen.
Et wier e Mix aus geziiltem Mobbing an allgemengem Mismanagement, dee fir eng Rei vun de Leit, déi do schaffen zu enger enormer Belaaschtung gi wier.
Eent vun den Drockmëttel wier dobäi de Schichtplang gewiescht, esou déi fréier Hiewan aus dem Chem, Sonia Duarte.
„Ah du bass net zefridden, du hues elo gemeckert? Da kucke mir mol wann ech dir dee Plang esou maachen, wéi dir dat dann nach gefält. An duerno kënnt een natierlech op déi Reflexioun, ok, du hues besser du sees näischt méi, well soss... wie weess wat nächste Kéier kënnt? An dat ass eng Reflexioun, déi ganz dacks war, bei villen Aarbechtskolleegen, déi soen: Ech traue mech näischt méi ze soen.“
Uganks 2019 hätten déi concernéiert Hiewannen dës Problemer an enger Reunioun de Service zesumme mat hirer Cheffin, der Responsabeler vum Departement an dem Directeur de soins, ugeschwat. Dës Interventioun wier mat Hëllef vun der Personaldelegatioun preparéiert ginn. Ma d'Sonia Duarte hat net d'Impressioun, wierklech eescht geholl ze ginn.
„Mir ware plus-minus 3 Stonnen do fir schlussendlech, zwar hunn ech gesot ech hunn Angscht, ech hunn Angscht fir mat menger eegener Cheffe de service schwätzen ze goen, well ech net weess wat kënnt vu Sanktiounen. Oh Papperlapapp, wat heescht dat hei Angscht? Wat ass dat? An d'Conclusioun vum Directeur de soins war: Ech gesinn, dir hutt e Kommunikatiounsproblem.“
Dëse sougenannte Kommunikatiounsproblem sollt da mat individuelle Gespréicher mat der Responsabeler gekläert ginn. Fir d'Sonia Duarte, war no dëser Reunioun d'Mooss awer scho voll.
„Wéi kann et engem esou schlecht goen, et freet een no Hëllef an dat eenzegt, dat ee gesot kritt, ass wierklech dir hutt iergendwéi e Kommunikatiounsproblem. Do wëll een eppes net héieren an do war fir mech ganz kloer, ech gi fort. Wann ech hei weider schaffen a wann ech hei esou weider maachen, da ginn ech futti. Awer sous garantie.“
Op dës Problemer ugeschwat, ass den zoustännegen Directeur de soins, Serge Haag, RTL géintiwwer formell.
„Ech akzeptéiere kee Mobbing am Chem. A wa mir am Haus heibanne Mobbing bekannt ass, da ginn ech dogéint vir. A wa mir Situatioune bekannt sinn, wat kee Mobbing ass, mä wou Leit onzefridde sinn oder wou Drock do ass oder wat och ëmmer, da ginn ech deene Situatiounen och no. Well ech a sou Situatioune keng qualitativ gutt Aarbecht ka maachen an niewebäi geet et géint meng eege mënschlech Prinzipien.“
Fir der Saach op de Grond ze goen, hätt sech d'Direktioun och d'Schaffpläng ugekuckt, ma déi wieren awer ganz an der Rei a fair verdeelt gewiescht, esou de Serge Haag weider.
„Also ech hunn net erausfonnt, ech kann Iech haut nach net soen, dass d'Aarbechtspläng an der Maternité ongerecht gewiescht wieren deem enge géintiwwer oder vis-à-vis vun engem aneren.“
En zweete grousse Problem vun enger Rei Hiewanne war, dass si sech deels eleng gelooss an entspriechend onsécher op hirer Schicht am Chem gespuert hunn. Dat well zäitweis einfach net genuch Leit do gewiescht wieren, fir d'Sécherheet vu Patient a Personal z'assuréieren.
Et hätt eng Rei Situatiounen ginn, an deenen eng vun den Hiewannen de Service um ganze Stack hätt mussen eleng geréieren. Eppes, wat esou muncher Kolleegin Angscht gemaach hätt, wéi d'Nicole Schuller, erzielt. Si huet bis d'lescht Joer, 15 Joer laang am Chem geschafft.
„Do ware vill Kolleeginnen, déi sech wierklech net a Sécherheet gespuert hunn. D'Saach ass nämlech och esou, dass zu Esch an der Maternité wann elo de SAMU op eng Gebuert geruff gëtt, eng Hiewan muss mat erausgoen. Wann eng Cesarienne ass, muss eng Hiewan mat an den OP goen, dat heescht déi Leit feele souwisou schonn am Service a wann dann nach eent do ass, wat recuperéiert oder am Fall vun engem Krankeschäin, deen net ersat gëtt, da gëtt et iergend wéini eng Kéier enk. Wann eng Fra op eemol ufänkt mat bludden oder e Kand gëtt schlecht a muss an d'Couveuse, do ass natierlech déi Hiewan 100 Prozent gefrot an da bleiwen einfach net méi vill Leit iwwreg.“
Op dës Problematik ugeschwat, betount den Directeur des soins, Serge Haag, dass déi eenzeg Alternativ wier, eng Garde anzeféieren. Well de Contingent u Leit, déi an der Maternité schaffe, wier vun der Gesondheetskeess festgeluecht.
„Da kéinte mir jo reng theoretesch soen, mir setzen eng Sage-femme dobaussen op d'Garden an da wann de Samu bis erausfiert oder soss iergendeppes ass, da ruffe mir ee vun Doheem, an deen, deen eraus muss, muss eraus an et kënnt ee vun Doheem, dee muss remplacéieren. Dann huet een awer d'Contrainte vun enger Garde an et ass een Doheem, dee muss eng Astreinte maachen, da muss een dat wëllen.“
E Suivi vun der Situatioun wier iwwerdeems net gemaach ginn. Wier e Problem net geléist, geet de Serge Haag dovun aus, dass sech déi concernéiert Leit nach eng Kéier bei him mellen.
Am Fall vun den Hiewanne wier dat awer net geschitt, deemno wier hien dovun ausgaangen, dass d'Situatioun gekläert wier.