IechternachMobile Radar blëtzt 530 Automobilisten, déi ze séier waren

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch gouf et donieft nach tëscht 14.30 a 16.00 Auer eng gréisser Verkéierskontroll zu Iechternach, bei där 13 Polizisten am Asaz waren.
© RTL (Archiv)

Eng gréisser kombinéiert Vitess- a Verkéierskontroll vun der Police war e Mëttwoch tëscht 14.30 an 16.00 Auer zu Iechternach. Engersäits war de mobile Radar am Asaz, deen d’Vitess vun den Automobiliste kontrolléiert huet. Ronn een Drëttel vun de Chaufferen, déi hei ënnerwee waren, waren ze séier a goufe vum mobille Radar erfaasst. 530 Automobiliste wäerten also an den nächste Deeg Post vun der Police kréien.

Anerersäits waren 13 Polizisten am Asaz, déi nieft der Vitess haaptsächlech aner Verstéiss am Bléck haten, där si der ronn 30 Stéck festgestallt hunn. Esou hu 16 Automobilisten hiren Handy wärend dem Fuere benotzt, 6 waren net ugestréckt a bei engem hunn d’Sécherheetsutensilien am Auto gefeelt. Donieft goufen nach weider kleng Verstéiss vun de Beamte festgestallt.

Back to Top
CIM LOGO