Verfassungspropositioun vun déi LénkMonarchie soll duerch Republik ersat ginn, Walrecht och fir Net-Lëtzebuerger

RTL Lëtzebuerg
An der Chamber gouf en Dënschdeg iwwert d'Verfassungspropositioun vun déi Lénk debattéiert. Mam Punkt iwwert d'Monarchie waren awer déi mannst zefridden.
© RTL Archiv

Dora géing een Äntwerten op vill aktuell Krisen fannen, sot d’Rapportrice Nathalie Oberweis, a wier einfach besser, wéi d’Verfassungsrevisioun vun DP, LSAP, déi gréng an CSV, déi an den nächsten Deeg fir d'2. gestëmmt gëtt.

Ënnert anerem gesäit de Virschlag vun déi Lénk eng Rei Rechter vir, déi een akloe kann. D’Walrecht soll mat 16 Joer ufänken an nieft de Lëtzebuerger och fir Residenten zougänglech sinn, déi zanter op d’mannst 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnen. D’Monarchie soll dann duerch eng Republik ersat ginn, dat mat enger Presidentin oder engem President, déi vun der Chamber gewielt gëtt.

D’Vertrieder vu sämtlechen anere Parteie konnte sech mat eenzele Punkten aus der lénker Verfassung ufrënnen an et gouf der Partei fir hir Aarbecht Merci gesot a gratuléiert. Ma besonnesch mam Ofschafe vun der Monarchie waren déi aner Deputéiert net averstanen, respektiv net domat averstanen, datt d’Chamber eleng soll doriwwer decidéieren.

Um Enn hu just déi 2 Vertriederinne vun déi Lénk fir hir Verfassungspropositioun gestëmmt, eng Zweedrëttel-Majoritéit wier néideg, fir d’Verfassung z’änneren.

Back to Top
CIM LOGO