
2 Persoune koume mat enger liichter Dampvergëftung an d'Spidol.
Kuerz virun 12 Auer sinn zu Miersch an der Rue Grande-Duchesse Charlotte 3 Autoen aneneegerannt. Zwee Leit goufe liicht blesséiert.
Géint 12.30 Auer hat et op der A13 tëscht den Tunnellen Éilereng an Aessen gerabbelt. Zwéi Ween ware kollidéiert. Eng Persoun gouf blesséiert.
Zu Dikrech an der Avenue de la Gare huet géint 16 Auer eng Poubelle gebrannt. Géint 16.40 Auer huet et um Waldhaff op enger Opfaart fir op d'A7 laanscht d'Strooss am Gruef gebrannt.
A béide Fäll gouf kee verwonnt.