
E Moto war an der Rue Prinzenberg an e geparkten Auto gerannt. Dobäi goufen zwou Persounen blesséiert. Niewent de lokale Secouristen war och den Escher Samus-Noutdokter am Asaz. Géint 22.15 Auer gouf um CR137 tëscht Konsdref a Bäerdref dann och nach eng Persoun blesséiert, wéi een Auto an e Gruef geroden ass. Eng Ambulanz vun Iechternach war op der Plaz. Wéi d’Police matdeelt, gouf an der Klinick een Alkoholtest gemaach, deen dann och positiv ausgefall ass. De Chauffer krut doropshin de Fürerschäin ofgeholl.
Zu Bieles gouf der Police e Freideg géint 5.13 Auer ee Chauffer gemellt, dee Schlaangelinne gefuer ass. Bei enger Kontroll huet sech och hei erausgestallt, datt hien ze déif an d’Glas gekuckt hat. Hien hat iwwerdeems weder ee Fürerschäin, nach seng Autospabeieren derbäi. E provisoresche Fuerverbuet gouf ausgeschwat an et gouf ee Protokoll geschriwwen.