Am LokalenMotocyclist accidentéiert an Auto géint Trakter

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg koum et uechter d'Land zu enger Partie Accidenter. 5 Leit goufen op eise Stroosse verwonnt.
© RTL-Archiv

Zu Bouneweg krute sech um 13.18 Auer zwee Gefierer op Place des Rotondes ze paken. De Bilan sinn dräi Blesséierter.

Eng Persoun gouf kuerz no 15 Auer bei enger Chute mam Motorrad um CR161 Diddeleng a Richtung Beetebuerg blesséiert.

Da mellt de CGDIS zu Dippech an der Lëtzebuerger Strooss nach en Accident tëscht engem Auto an engem Trakter. Och hei gouf eng Persoun verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO