
Ee Motocyclist gouf schwéier blesséiert bei enger Chute. Wéi den 112 mellt, war d’Persoun géint 17.30 Auer tëschent Suewelbuer a Freckeisen ënnerwee, wéi se gefall ass. D’Police präziséiert da weider, datt de Mann mat engem Grupp Motocyclisten aus dem Ausland ënnerwee gewiescht wier. Hie wier an de Summerwee geroden an hätt dorops d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer. Hie wier gefall an an engem Zonk zum Stoe komm. D’Ekippen aus der Fiels, Iermsdref, Miedernach, Waldbëlleg an de Samu waren am Asaz. De Mann huet och misste mam Rettungshelikopter an d’Spidol geflu ginn, de Parquet gouf informéiert.
Kuerz viru 18 ass e weidere Motocyclist gefall a blesséiert ginn tëschent Bruch a Bech, hei waren d’Leit vun Iechternach a Konsdref op der Plaz.
Tëschent Ënsber an Ueschdref ass en Auto accidentéiert kuerz no 17, hei gouf eng blesséiert Persoun vun de Rettungsdéngschter vu Réiden an Alebësch behandelt.
An ee Blesséierte gouf et och kuerz virun 20 Auer, wéi en Auto tëschent Habscht a Sëll an e Bam gerannt ass, d’Rettungsdéngschter vu Stengefort an Habscht waren op d’Plaz geschéckt ginn. D’Police schreift zu dësem Accident, datt de Chauffer alkoholiséiert war an datt een de Permis agezunn huet. D’N8 huet misste fir eng kuerz Zäit komplett gespaart ginn.
E Sonndeg de Moie kuerz viru 7 Auer ass dann tëscht Dippech an Duelem en Auto an de Rampli geroden, hei gouf eng Persoun blesséiert, d’Ekippe vu Mamer an Dippech waren am Asaz.
Zu Eeschpelt gouf der Police kuerz viru 18 Auer en Automobilist gemellt, deen an Zickzack gefuer ass. Virun engem Bistro gouf den Auto erëmfonnt an de Mann gouf opgefuerdert, en Alkoholtest ze maachen. Dëse war däitlech positiv an de Permis war fort. Lues an am Zickzack war géint 1 Auer an der Nuecht e Mann zu Esch ënnerwee. Och säi Permis duerft hien net behalen.
No engem Accident zu Lankelz e Samschdeg virun 22 Auer waren zwee Autoen net laanschtenee komm. Ee vun den Automobilisten hat d’Police alarméiert an ausgesot, datt him deen anere Won op senger Spuer entgéint koum an obwuel hien an der Rue Eugène Reichling komplett stoe bleiwe konnt, war dat anert Gefier an hie gerannt. Et ass beim Accident bei engem liichte Materialschued bliwwen. D’Persoun, déi den Accident verursaacht hat, hat awer net op d’Police gewaart. Hie gouf doheem ugetraff an et gouf festgestallt, datt hien däitlech ze vill gedronk hat. De Permis war fort.
En Accident mat Fahrerflucht hat d’Police da géint 3 Auer zu Esch/Uelzecht. Den Automobilist, deen den Accident verursaacht hat, hat awer dobäi säin Nummereschëld verluer a konnt esou séier erëmfonnt ginn. Hien hat iwwersinn, datt en anert Gefier stoe bliwwe war, fir e Foussgänger iwwert d’Strooss ze loossen a war deem hannendrop gerannt. D’Police konnt de schëllege Chauffer um Käler Potto erëmfannen a kuerz virun Esch unhalen. Bei der Kontroll koum eraus, datt de Chauffer ze vill gedronk hat. Ma wärend dëser Aarbecht hunn d’Polizisten eng Automobilistin bemierkt, déi däitlech ze séier ënnerwee war. Eréischt am leschte Moment an nodeem d’Beamten däitlech Zeeche gemaach hunn, ass d’Fra op si opmierksam ginn an huet ofgebremst, stoen ass si awer net bliwwen. Eng weider Patrull gouf alarméiert, déi d’Automobilistin bei sech doheem ugetraff huet. Si huet confirméiert, datt si op der Plaz ënnerwee war a well och si ze vill gedronk hat, war och hire Permis fort.
E Samschdeg am fréie Mëtteg war en Accident tëscht Wuelessen a Pëtschent, bei där d’Bäifuererin esou uerg blesséiert gouf, datt si mam Helikopter an d’Spidol huet misste bruecht ginn. Den Auto war an e Bam gerannt an dono an e Gruef op der anerer Säit vun der Strooss geroden. Och de Chauffer gouf bei dësem Accident blesséiert. D’Streck ass fir kuerz Zäit gespaart ginn, de Parquet gouf informéiert.
Zu enger änlecher Zäit war zu Piisseng an der Duerfstrooss en Cyclist blesséiert ginn. Den Accident hat de Chauffer gemellt, deen de Cyclist ze pake koum. De Vëlosfuerer war aus ongekläerter Ursaach op déi aner Spuer geroden an den Autoschauffer konnt trotz Vollbremsung den Accident net evitéieren. De Cyclist war mat sengem Helm widder d’Frontscheif geknuppt an huet missten an d’Spidol transportéiert ginn.
Da mellt de CGDIS nach e puer Feier, dat zu Nidderkuer an der Cité Galerie Hondsbësch, esou wéi an der Stad an der Rue Pierre Krier a Rue Alphonse Wecker. An deenen dräi Fäll blouf et beim Materialschued.
E Sonndeg gouf ëm 11.30 Auer um CR134 tëscht Mäertert a Manternach ausserdeem ee Cyclist ugestouss a gouf dobäi blesséiert.