
Kuerz no 18.30 Auer ass op der N15 tëscht dem Schumannseck an dem Pommerlach e Motocyclist gefall a gouf verwonnt.
Géint 20.30 Auer huet zu Greiweldeng an der Blaigaass e Grill gebrannt. D’Pompjeeë vu Réimech waren am Asaz, blesséiert gouf keen.
Um 23.33 Auer war et nach en Accident mat engem Auto, dat tëscht Péiteng an Athus. Hei goufen zwou Persoune blesséiert. Hei waren d’Pompjeeën a d’Ambulanz vu Péiteng op der Plaz.
Weider mellt de CGDIS nach zwee Accidenter e Sonndeg de Moie fréi.
Kuerz no 5 Auer krute sech um Kierchbierg an der Avenue John F. Kennedy zwee Wenn ze paken. Zwou Persoune goufe verwonnt.
Géint 5.40 war et nach en Accident mat engem Auto an engem Blesséierten zu Colmer-Bierg an der Route de Cruchten.