Wecker/SchorenshaffMotocyclist gouf bei Kollisioun mat Trakter schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdegowend ass e Motorradsfuerer aus bis ewell nach opgekläerte Grënn gefall a widder en Trakter gerutscht, dee laanscht d'Strooss stoung.
© Police

Wéi d’Police mellt, gouf de Mann dobäi schwéier blesséiert a misst nach op der Plaz vun de Secouriste behandelt ginn. E koum mam Rettungshelikopter an d’Spidol. D’Streck huet misse fir eng bestëmmten Zäit gespaart ginn.

Zu Bouneweg war géint 18.30 Auer e Cyclist vun engem Auto ugestouss ginn. Hei hat de Samus-Noutdokter mussen an den Asaz.

Um 17.20 Auer sinn op der A13 a Richtung Schengen en Auto an eng Camionnette net laanschtenee komm.

Kuerz virun 18.30 Auer sinn tëscht dem Katrewang a Keespelt 2 Autoen aneneegerannt.

Kuerz drop gouf et en änlechen Zenario op der Polvermillen, um Boulevard George S. Patton.

An der Nuecht op e Freideg gouf et dunn nach en Accident op der A1 Richtung Tréier, tëscht Mënsbech a Fluessweiler.

Bei all dësen Accidenter ass all Kéier eng Persoun verwonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO