
Bei enger Kontroll de Moien op der N11 huet e Motocyclist d'Stoppzeeche vun der Police ignoréiert an ass mat héijer Vitesse a Richtung Iechternach fortgerannt. No enger Course Poursuite konnt dësen zu Jonglënster gestoppt ginn.
De Chauffeur hat kee valabele Permis. De Moto war weder ugemellt nach verséchert.
Bei der genannter Kontroll gouf och e Camionneur gepëtzt, deen am Laf vum leschte Mount 17 Deeg laang ouni Roudag ënnerwee war. Géint dee Chauffeur a géint d'Firma gouf e Protokoll geschriwwen.