
D'Motorrad huet d'Meedchen um Been ze pake kritt, wouropshin dëst op de Buedem gerappt ginn ass. Um Motorrad souzen 2 Persounen a si sinn an eng onbekannte Richtung fortgefuer. Eng Plackennummer konnt net erkannt ginn... eenzeg bekannte weider Info ass déi, dass d'Motorrad schwaarz war.
Wärend dem Tëschefall waren nach eng Partie aner Leit op der Plaz, déi warscheinlech eppes gesinn hunn. Eventuell Zeie solle sech wgl. bei der Police an der Stad mellen um (+352) 244 40 1000 oder via E-Mail: Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu