Krut e Réi ze pakenMotocyclist zu Biwer gefall a liicht blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, hat e Motocyclist e Freideg kuerz virun 17 Auer e Réi op der Streck Biwerbaach ze pake kritt, dat do iwwert d'Strooss gaangen ass.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

De Motocyclist konnt net méi auswäichen. Hien ass nom Zesummestouss mam Déier gefall a gouf dobäi zum Gléck just liicht blesséiert. D’Réi hat manner Chance an ass nach op der Plaz gestuerwen.

De Motocyclist koum mat enger Ambulanz an d’Spidol. Seng Maschinn huet missen ofgeschleeft ginn.

Back to Top
CIM LOGO