
D'Motocyclistin koum vun Éileng erfort an ass Richtung Steebrécken gefuer. Bei der Autobunnsopfaart fir op d'A4 wollt eng Automobilistin, déi entgéint koum, a Richtung Esch/Uelzecht ofbéien. Heibäi koum et dunn zum Accident, wou d'Motocyclistin frontal vum Auto getraff gouf. Si ass iwwert de Capot geflunn an op der Strooss gelant.
No enger éischter Behandlung op der Plaz, koum se dunn an d'Spidol.