Asaz vum SamuMotocyclistin um Houwald bei Accident liewensgeféierlech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch goufe bei Accidenter op eise Stroossen am Ganzen 12 Blesséierter gezielt.
© Police Luxembourg

Ëm kuerz virun 10 Auer sinn um Houwald e Mëttwoch de Moien eng Motocyclistin an eng Camionnette aneneegerannt. D’Fra gouf liewensgeféierlech blesséiert, wéi d’Police am Owend matdeelt. No enger éischter Noutversuergung op der Plaz gouf si an d’Klinik bruecht. Op Uerder vum Parquet huet d’Spueresécherung vun der Police sech ageschalt an huet béid Gefierer saiséiert. Nieft dem Rettungsdéngscht an der Ambulanz aus der Stad war hei och de Samu op der Plaz.

Géint 7.30 Auer goufen zu Miersch 4 Persoune blesséiert, wéi sech zwee Autoen ze pake kruten. De Rettungsdéngscht vu Miersch an d’Ambulanze vu Lëntgen an aus der Nordstad waren hei am Asaz. Wéi d’Police matdeelt, wier et hei op der N7 bei der Opfaart fir op dA7 zu enger Frontalkollisioun komm.

Kuerz virun 9 Auer waren um Houwald en Auto an e Moto aneneegerannt. Hei gouf eng Persoun blesséiert. Nieft dem Rettungsdéngscht an der Ambulanz aus der Stad war hei och de Samu op der Plaz.

An der Nuecht op e Mëttwoch gouf et en Accident tëscht Mutfert a Sandweiler. Kuerz virum Rond-point Sandweiler hat de Mann d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer, ass ongebremst an de Rond-point gerannt an huet sech doropshin iwwerschloen. De Won ass um Daach leie bliwwen. De Chauffer gouf vun enger anerer Persoun an d’Spidol bruecht, nodeems e selwer aus dem Auto erausgeklomme war. Am Spidol huet ee festgestallt, datt de Mann Alkohol konsuméiert hat. De Permis war fort.

An der Mëttesstonn sinn zu Hollerech 3 Autoen anenee geknuppt. 2 Leit goufe verwonnt. An der Weilerbaach si géint 14 Auer zwee Ween kollidéiert. 3 Persoune goufe blesséiert.

Zu Esch gouf géint 16.40 Auer e Cyclist ugestouss a verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO