
Ee Motorradschauffer ass e Samschdeg géit 17 Auer um CR328 tëscht Eschweiler an Déierbech an enger Kéier mat senger Maschinn gefall a gouf dobäi blesséiert. Eng Ambulanz vu Wooltz war op der Plaz an huet de Chauffer fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht.
Eng 20 Minutten drop huet et dunn op der Haaptstrooss zu Lenzweiler geknuppt. Zwee Autoe waren hei net laanschtenee komm. Em déi blesséiert Persoun huet sech eng Ambulanz vun Ëlwen gekëmmert. Ee weideren Autosaccident gouf et géint 21 Auer zu Nidderkäerjeng Am Schack. Et gouf ee Blesséierten an d’Ambulanz vun Esch war do.
Am Mëtteg hat et iwwerdeems zwee weider Motorrad-Accidenter ginn, dorënner eent mat engem schwéier Blesséierten.
Géint 12 Auer war ee Motorradschauffer um CR118 zu Scheedgen gefall. Hie gouf um Aarm blesséiert a gouf no enger éischter Kontroll op der Plaz an eng Klinik bruecht.
Géint 13 Auer gouf dunn ee Motorradschauffer bei enger Kollisioun mat engem Auto schwéier blesséiert. Den Accident ass an der Route de Marnach op der Kräizung Kräizung N18/CR325 zu Klierf geschitt. De schwéier Blesséierte gouf no enger Noutversuergung op der Plaz an d’Spidol bruecht.
Engem alkoholiséierte Chauffer, deen e Samschdeg den Owend géint 21.30 Auer op der A6 ënnerwee war, gouf vun der Police de Fürerschäin ofgeholl.