Médecins sans FrontièresMSF-President op Visitt zu Lëtzebuerg fir eng Konscht-Stee zugonschte vun MSF

RTL Lëtzebuerg
Zënter dem Ufank vum Ukrain-Krich si bei alle groussen Hëllefsorganisatioune d’Spenden enorm an Luucht gaangen.
Médecins sans Frontières
President MSF op Visitt zu Lëtzebuerg fir eng Konscht-Stee zugonschten vun MSF

Och Médecins sans Frontières schwätzt vu Rekordzommen, déi di lescht Wochen erakomm sinn. Den internationale President vun MSF war dëse Weekend op Besuch zu Lëtzebuerg, an dat fir eng méi speziell Spendenaktioun.

An der Bank Degroof Petercam goufen d’Wierker vun 19 Kënschtler zu Gonschte vun MSF versteet. Esou eng Stee wär och fir MSF eppes ganz Neies, seet de President vun der Organisatioun, Dr Christos Christou, deen extra fir dëst Evenement ugereest war. «Dëst ass di éischt Konscht-Stee fir de gudden Zweck, di bis ewell fir MSF organiséiert gouf. Mir si ganz gespaant, wat dobäi erauskënnt.», esou den Dr Christos Christou.

Mat dëse Sue kann MSF bei de Krisen uechtert d’Welt hëllefen an hir Asätz um Terrain finanzéieren. An dat net just an der Ukrain, engem Konflikt, deen elo ebe vill thematiséiert gëtt.

Natierlech ass den Interessi um Krich an der Ukrain ganz grouss, konstatéiert den MSF-President, «Ma nieft dësem Krich, hu mir ganz änlech Krisen nom selwechten Muster iwwerall op der Welt. A mir versichen d’Leit ëmmer nees drun ze erënneren, datt d’Situatioun an deenen Konflikter och ganz seriö ass. Fir der just puer ze nennen; Afghanistan, Jemen, Syrien, esouguer am Irak ginn et nach ëmmer Problemer.»

Well den Ukrain-Konflikt aktuell dacks an de Medien ass, spende vill Leit fir dës Kris. MSF huet den Ament 135 international Mataarbechter an der Ukrain, dobäi kommen nach eemol 200 lokal Mataarbechter. Dat wär wéineg am Verglach zu anere Krisen. An der demokratescher Republik Kongo zum Beispill huet MSF ronn 3000 lokal Mataarbechter engagéiert.

Lëtzebuerger wiere ganz generéis, wann et ëm d’Spende geet, seet den internationalen Direkter. Zënter dem Ufank vum Ukrain-Krich hunn d’Done sech méi wéi verduebelt.

Back to Top
CIM LOGO