ZeienopruffN7: Iwwerholl, wou een net dierf, an aneren Auto geschréipst

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg de Moie géint 6.50 Auer war en Iwwerhuelmanöver op der N7 schif gaangen.

En Automobilist, deen aus Houschent koum, hätt op der Plaz net dierften iwwerhuelen, huet et awer gemaach. Dobäi huet hien en Automobilist, deen aus Richtung Houschter-Déckt koum, an hien iwwerhuelen duerft an dat och gemaach huet, gesträift. De schëllege Chauffer ass dono einfach weidergefuer.

Bei Tëschefall goufe béid Gefierer liicht beschiedegt. D'Gefier vum Chauffer, deen a Richtung Houschter-Déckt geflücht ass, kéint duerch den Impakt rout Sträifen hunn.

Am Kader vun dësem Accident sicht d'Police elo no Zeien, déi eventuell Informatiounen iwwert de schëllege Chauffer oder deem säin Auto hunn. Och den Automobilist, dee vum schëllege Chauffer iwwerholl gouf, soll sech bei der Police aus dem Ourdall um 244-831-000 mellen.

Back to Top
CIM LOGO