De liichte Réckgang vum Virus an der Gesellschaft géif sech confirméieren an et kéint sech eventuell an den nächsten Deeg nach eng verstäerkt Tendenz weisen, sou d'Gesondheetsministesch. Bei der Covid-Task-Force sinn d'Erwaardungen do awer méi verhalen.
Nach wäit ewech vu konsequenter Andämmung.
De Coronavirus ass manner present am Ofwaasser vun de Kläranlagen. An och d’Fallzuelen zéien esou lues no. Vum Plateau vun an der Moyenne vu 550 Neiinfektiounen den Dag, si mer elo bei duerchschnëttlech 470 den Dag. D’Dynamik vun der Epidemie berouegt sech liicht. Notéiert d’Covid-19-Task-Force an hirem neie Woche Rapport. Datt den Trend no ënne sech an den nächsten Deeg verstäerke wäert, ass net esou sécher.
Prof. Dr. Paul Wilmes, Spriecher vun der Covid-19-Task-Force: "Et huet een natierlech ëmmer en Delai tëscht der Zäit wou nei Mesuren en place gesat ginn an datt een dann eben och eng richteg Tendenz gesäit. Dat ka schonn eng Saach vun Deeg sinn. Den Ament ass et awer esou, datt mer jo awer relativ laang drop zréckkucken, säitdeem déi lescht Mesuren en place gesat goufen. Se hunn en Effekt, dat gesäit ee ganz kloer. Mee et ass eben elo d’Fro wéi grouss deen Effekt ass."
Den Duerchschnëttswäert vun der effektiver Reproduktiounszuel ass vun 1 op 0,9 zréckgaangen. Bedeit also, datt eng Infizéiert Persoun manner wéi eng aner ustécht. Et wär een awer nach wäit ewech vun engem Taux vun 0,7/0,8, wou ee misst hikommen, fir eng konsequent Andämmung vun der Verbreedung vum Virus bannent der Bevëlkerung ze erreechen, seet de Wëssenschaftler.
De Projektioune vun der Covid-Task-Force no, kéinte mer Chrëschtdag bei ëm déi 400 Neiinfektiounen den Dag leien. Dat wär nach ëmmer duebel esou héich wéi wärend dem Pick vun der éischter Well. Duerch d’Feierdeeg riskéiert de Virus, nees richteg Réckewand ze kréien. Wann d’sozial Kontakter wärend de Chrëschtdeeg an d’Luucht ginn, riskéieren eng Rei vun dëse Persoune bis Neijoerschdag Covid-positiv ze sinn. Awer deels (nach) asymptomatesch. An de Virus Silvester an Neijoerschdag weiderzeginn.
Dat kéint am Januar, Februar zu enger Iwwerlaaschtung vun de Spideeler féieren. Dofir den Appell vum Prof. Dr. Wilmes sozial Kontakter och déi nächst Zäit op e minimum ze reduzéieren. Ganz besonnesch mat eelere Persounen, déi jo riskéieren, méi haart vu Covid-19 getraff ze ginn. D'Verhale vu jidderenegem hätt en Impakt op de Réckgang vun der Pandemie.
