
An de nächste Méint dierft d’Präisdairecht e bësse falen, dono awer nees unzéien, bedéngt duerch d’Indextranche, déi aller Viraussiicht no tëscht Oktober an Dezember wäert erfalen, schreift de Statec.
Fir d'nächst Joer geet de Statec vun enger Inflatioun ëm 1,7% aus, duerch den Impakt vum gratis ëffentlechen Transport, a well d’Konjunktur generell dierft ofbremsen.