
De Gerson Rodrigues, dee selwer net viru Geriicht war, mee sech vum Maître Rauchs vertriede gelooss huet, ass an dräi Fäll wéinst Kierperverletzung ugeklot. Donieft kritt hie reprochéiert Poliziste beleidegt ze hunn. Ee Fall vu Kierperverletzung geet op en Owend am Mäerz 2019 zeréck, wou de Gerson Rodriguez engem anere Mann virun engem Etablissement op der Stater Gare an d’Gesiicht geschloe soll hunn. Dat presuméiert Affer hätt Frakturen am Gesiicht erlidden a wär méintelaang net kapabel gewiescht, schaffen ze goen. Dëse Mann misst deemnächst fir d’drëtt dowéinst operéiert ginn. Am Ganze freet seng Affekotin eppes iwwer 90.000 Euro Schuedenersatz vum ugeklote Gerson Rodrigues.
Am Juni 2022 soll de Gerson Rodrigues engem anere Mann nees virun engem Nuetsclub an der Stad mat der Fauscht an d’Gesiicht geschloen hunn. Dat presuméiert Affer hätt en Zant verluer gehat. Allerdéngs wären dëse Mann an de presuméierten Täter sech eens ginn, sou dass déi concernéiert Persoun sech keng Partie civile constituéiert huet.
Déi rezentst Reproche géint de Gerson Rodrigues datéieren op de 25. November zejoert. Nees geet et ëm eng laang Soirée bei der verschiddenen Zeien no Alkohol am Spill war. Dat ass awer ee vun deenen wéinege Faiten bei deenen déi fënnef Persounen, déi ënner Eed ausgesot hunn, komplett op enger Linn leien.
De Gerson Rodrigues kritt reprochéiert, seng fréier Frëndin, d‘Miss Luxembourg 2020, a besoter Nuecht an d‘Gesiicht geschloen ze hunn. Si selwer hat de Fussballspiller deen Owend selwer net belaascht. Eréischt e puer Méint drop hat si him op de soziale Reseauen virgehäit, si an der Nuecht blesséiert ze hunn. De Gerson Rodrigues hat déi Reprochen vu sech gewisen.
Op dee fréie Moien am November geet och d‘Uklo wéinst Beamtebeleidegung zeréck.
D‘Aussoe vun den Zeien – dorënner zwee Frënn vum Ugekloten an eben dat presuméiert Affer - waren deels kontradiktoresch. De Vertrieder vum Parquet an de Riichter hu méi ewéi eng Kéier missen no Prezisioune froen, fir ze probéieren, déi Soirée ze rekonstruéieren respektiv kloer vun anere Soiréeën ofzegrenzen. D‘Defense huet bemierkt, déi Soirée wär och fir den Ugekloten “tumultuex” gewiescht. D’Defense huet iwwerdeems nach Videoen, déi op engem Handy gefilmt goufen, an d‘Spill bruecht, déi dofir eventuell kéinten relevant sinn, an nach solle gepréift ginn.
D‘Partie civile freet fir d‘Fra 6.928 Euro Schuedenersatz.
Wéinst deem villen Hin an Hir konnt de Vertrieder vum Parquet säi Requisitoire op dësem éischte Prozessdag net virdroen.
Och de Plädoyer vun der Defense vum Ugekloten gouf op den 29. November verréckelt.
D‘Geriicht wëll all déi Fäll zesumme beurteelen. U sech sollt d‘Urteel de 6. Oktober geschwat ginn. Well d‘Suite vum Prozess eréischt am November ass, muss och fir d‘Urteel en neien Datum fonnt ginn.
Wéi ëmmer gëllt d‘Présomption d‘innocence bis een Urteel geschwat ass.