InflatiounNächsten Index am zweete Quartal

RTL Lëtzebuerg
De Statec geet dovunner aus, dass déi nächst Indextranche am zweete Quartal vun 2022 ausbezuelt gëtt.
© AFP

Déi Tranche dorop kéint esouguer nach Enn dës Joers fälleg sinn, awer méi warscheinlech ass hei den éischte Quartal 2023.

Annuellen Inflatiounstaux fält am Januar vu 4,1% op 3,6%

De Grond heivir ass den Effet vun de Wantersolden. Rechne mer déi raus, da läit den Taux bei 4,7%.

Eigentlech klëmmt d’Präisdeierecht also. Zemools d’Pëtrolsproduite si weider méi deier ginn, dat ëm 12,3%. Dat läit un den internationalen Evolutiounen an un der nationaler C02-Steier, heescht et vum Statec.

De Gas ass iwwerdeems bal ëm 23% geklommen. Par Rapport zum leschte Joer sinn d’Pëtrolsproduite bal 50% méi deier. Beim Heizungsmasutt sinn et 80% an engem Joer.

Back to Top
CIM LOGO