No Policeasaz beim Park Gerlach zu DéifferdengNational Léisung fir lokale Sécherheetsproblem gefuerdert

RTL Lëtzebuerg
D'Situatioun zu Déifferdeng géing ëmmer méi schlëmm ginn a reegelméisseg eskaléieren, seet en Awunner. Zu esou enger Eskalatioun war et e Méindeg komm.
No Groussasaz zu Déifferdeng national Léisung gefuerdert
D’Situatioun zu Déifferdeng géing ëmmer méi schlëmm ginn a reegelméisseg eskaléieren, seet en Awunner. Zu esou enger Eskalatioun war et e Méindeg komm.

D’Police war an d’Rue Michel Rodange beim Park Gerlach geruff ginn, wéinst Drogekonsum an -handel. Um Enn goufen d’Beamte vun enger 20 Leit sur Place agekreest, attackéiert a beleidegt. Déi éischt Beamten op der Plaz hu musse Verstäerkung ufuerderen. An och wéi méi Beamten do waren, blouf d’Situatioun ugespaant. E Video weist een Ausschnëtt vum Asaz virum Bistro Eclat sportif.

Déifferdeng Sécherheet no Policeasaz / Rep. D. Hoffmann

De President vun der Policegewerkschaft SNPGL de Pascal Ricquier, kuckt mat Suerg op d’Opnam. Hie mengt, datt ee géing gesinn, datt d’Polizisten net géinge wëssen, wat se solle maachen. Et géing ausgesinn, wéi wa verschiddener géinge probéieren, keen unzepaken. “Herno sti se selwer viru Geriicht, well d’Leit Plainte géint d’Poliziste maachen”, ënnersträicht de Pascal Ricquier. Dat kéint jo awer net sinn. Wann e Polizist géing ugegraff ginn a beleidegt, da misst déi Persoun, déi dat mécht, bestrooft ginn. Hie plaidéiert wéi schonns dacks op e séiert Aféiere vu Bodycams, fir bei sou Situatioune Kloerheet ze kréien. Ma wann et esou géing weidergoen, hätt ee geschwënn e landeswäite Sécherheetsproblem.

Souwäit wëll et och d’Gemeng Déifferdeng net komme loossen a kuckt schonns zanter Joren, wat een op lokalem Plang ka maachen, seet d’Buergermeeschtesch Christiane Brassel-Rausch. Si wierkt opbruecht: “Et ass e lokale Problem, dee mir awer lokal net méi geléist kréien”, seet si. De Problem misst national geléist ginn. D’Gemeng hätt alles gemaach, wat se kéint, ënner anerem eng Verstäerkung vun der Beliichtung oder nei Streetworker. Elo wier een nach am Gaang, en urbanistescht Konzept ëmzesetzen. D’Gemeng wëll Gebaier ëm de Park kafen an an d’Rei sëtzen. Et soll méi propper ausgesinn.

E Brennpunkt wier awer den Ament besonnesch eng Plaz, nämlech de Bistro Eclat sportif. Vu bausse gesäit en zou aus, mee dat ass en awer net. Permanent wieren hei Policeinterventiounen, reegelméisseg wier en zäitweis zou. De Gerant géing sech un näischt halen, dofir géing e schonns zanter 2 Joer net méi erlaabt kréien, eng Terrasse virun der Dier ze maachen, betount d’Christiane Brassel-Rausch. D’Gemeng ass elo dobäi, fir sech juristesch beroden ze loossen, fir en Arrêt de Fermeture vum Bistro ze erwierken. Et wéisst een net emol, ob dat rechtméisseg wier, mee kuerzfristeg méiglecherweis déi eenzeg Léisung. Mat der Fermeture vum Bistro wier de Problem natierlech net geléist. Laangfristeg freet ee sech, ob net eng permanent Videoiwwerwaachung kéint hëllefen. Fir den nächste Mëttwoch huet de Schäfferot elo eng Drénglechkeetssëtzung aberuff, fir iwwert d’Sécherheet zu Déifferdeng ze diskutéieren.

Back to Top
CIM LOGO