SMS & SireenenNationale Warnsystem gouf getest - grouss Delaie beim Verschécke vun SMSen

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Warnsystem gëtt iwwerschafft. An deem Kader kruten d'Awunner den 2. Mee eng Test-Warn-SMS geschéckt, wat awer net iwwerall geklappt huet.
© RTL-Grafik

De Staatsministère, Inneministère an Haut-commissariat à la protection nationale hunn e Freideg de Mëtteg matgedeelt, datt d’Regierung den 2. Mee 2022 eng Test-Warn-SMS un déi gesamt Bevëlkerung schéckt mam Message: „LU-ALERT / ALERTE TEST / NO ACTION REQUIRED / AUCUNE ACTION REQUISE / KEINE HANDLUNG ERFORDERLICH / INFOS: MINT.PUBLIC.LU”.

Fir sécherzestellen, dass déi reell an d’Test-Warn-Messagen ausenee gehale ginn, stoung an der Test-SMS „No action required / Aucune action requise / Keine Handlung erforderlich”.

Donieft goufen d’Sireenen an der Mëttesstonn getest. D’Teststrategie, déi sech d’Regierung wëll ginn, orientéiert sech um Sireenentest, deen all éischte Méindeg am Mount géint Mëtteg gemaach gëtt.

Zil vun dësem Test ass et, d’Funktionalitéit vun de verschiddene Warn-Kanäl sécherzestellen, méiglech Verbesserungen um Warnsystem duerchzeféieren an d’Biergerinnen a Bierger ze sensibiliséieren. D’Test-Strategie ass laangfristeg ugeluecht a soll reegelméisseg stattfannen, sou dass d’Bevëlkerung beschtméiglech gewarnt gëtt an op Krisesituatioune wéi eng Naturkatastroph oder en Industrie-Accident virbereet ass, wat sech op déi ëffentlech Sécherheet auswierke kéint.

Wéi ass den Test verlaf?

Eleng bei eis hei bei RTL krut bis elo net jiddereen d’SMS. Déi meescht kruten zwar eng, mee et louchen als bis zu 2,5 Stonnen auserneen. Eng éischt SMS ass um 12.07 Auer erakomm. Anerer kruten hir kuerz viru 15 Auer. Och Leit mat enger auslännescher Handysnummer, déi aktuell zu Lëtzebuerg sinn, kruten eng SMS, dat géint 13.20 Auer. Verschiddener krute guer keng Test-SMS.

Dobäi kënnt, datt wann een dem Lien nogeet, deen an der SMS matgedeelt gëtt (den direkte Link geet net), da kënnt een op de Site vum Annuaire vum Staat. D’Aktioun ass also bei wäitem net optimal gelaf, mä et war mol en éischten Test.

Dës Delaie bei den Test-SMSen wieren awer normal gewiescht, erkläert de Pol Henrotte aus der Direktioun fir zivil Sécherheet aus dem Inneministère am RTL-Gespréich. Mam sougenannten “Cell Broadcast System”, dee bis nächste Summer soll en place sinn, géifen dës Delaien awer verschwannen.

Iwwert déi nächst Deeg ginn d’Operateuren hier Donnéeën eran aus deenen ervirgeet, wéi laang si gebraucht hunn, fir déi SMSen ze verschécken a wéi vill et der waren. Déi Donnéeë ginn dann ausgewäert fir ze gesinn, wou et eventuell Problemer gouf.

Pol Henrotte am Interview

D’Regierung wollt an der Suite vun den Iwwerschwemmunge vu Juli d’lescht Joer d’geplangte Mise en place vun engem zouverléissege Warnsystem acceleréieren, fir datt d’Bierger hei am Land bei enger Menace oder zum Beispill enger Naturkatastroph séier gewarnt an informéiert sinn.

Wann een eng Verbesserungspropositioun wëll maachen, kann een eng Email maachen un: lu-alert@mi.etat.lu.

Schreiwes

Test du système national d’alerte: SMS d’alerte et sirènes (02.05.2022)
Communiqué par : ministère d’État / ministère de l’Intérieur / Haut-Commissariat à la protection nationale (HCPN)

Dans le cadre de la refonte du système d’alerte à la population, le gouvernement procédera lundi, le 2 mai 2022, à l’envoi d’un message SMS d’alerte test à destination de toute la population. La stratégie de test que le gouvernement souhaite se donner s’inspire du test du réseau de sirènes qui a lieu tous les premiers lundis du mois aux alentours de midi, dont l’objectif est, depuis de nombreuses années, de contrôler la fonctionnalité de ce moyen d’alerte. Considérant l’importance de parvenir à une population avertie, il est prévu d’étendre les tests à d’autres canaux d’alerte, tels que les SMS zonaux.
Le jour du test, en complément du test des sirènes, le SMS suivant sera envoyé à partir de midi: «LU-ALERT / ALERTE TEST / NO ACTION REQUIRED / AUCUNE ACTION REQUISE / KEINE HANDLUNG ERFORDERLICH / INFOS: MINT.PUBLIC.LU»

À relever qu’aucune donnée à caractère personnel ne sera collectée ou stockée par l’État dans le cadre des tests du système d’alerte à la population. Plus encore, afin d’assurer que les messages d’alerte réels et tests soient distingués, il y a lieu de préciser que le passage «No action required / Aucune action requise / Keine Handlung erforderlich» sera uniquement mentionné dans les messages tests.

L’objectif de ces tests est de s’assurer de la fonctionnalité des différents canaux d’alerte, d’identifier les points d’amélioration éventuels et, surtout, de sensibiliser les citoyennes et citoyens à l’utilisation des canaux d’alerte. La stratégie de test qui s’inscrit dans le long terme et aura lieu de manière régulière suit l’objectif d’assurer la résilience de la population face à des situations d’urgence ou de crise qui pourraient avoir un impact sur la sécurité publique (comme une catastrophe naturelle, un accident industriel ou un attentat).

Le but du gouvernement est de mettre en place un système d’alerte multicanal qui soit fiable, efficient et efficace afin d’assurer la sécurité de la population. Ainsi, il convient, pour garantir la fonctionnalité du prédit système, de poser un premier jalon avec le développement de la stratégie de test précitée, dotée d’une gouvernance précise.

Dans un souci constant d’amélioration, les destinataires sont invités à faire parvenir au gouvernement leur feedback éventuel à l’adresse suivante: lu-alert@mi.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO