
D'Jeeërfederatioun gëtt en negativen Avis zum groussherzoglecht Reglement iwwer d'Juegdlousen. Ënner anerem wieren d’Reklamatiounen aus dem Public net genuch consideréiert ginn. Rieds ass do vu méi ewéi 100 Reklamatioune a vu méi ewéi 200 Lousen, déi concernéiert wieren.
De Projet wier net ausgeräift a misst iwwerschafft ginn. Et bestéing keng Urgence an et sollt een sech d'Zäit huelen, fir e gudde Projet ze realiséieren, esou d'Federatioun.