"Smart Technologies"Nei Beruffsausbildung gëtt et a 5 verschiddene Lycéeën

Christophe Hochard
Hei geet et ëm erneierbar Energien. Dës Techniker-Formatioun riicht sech un all jonk Leit, déi sech spezialiséiere wëllen.
"Smart Technologies"
Hei geet et ëm erneierbar Energien. Dës Techniker-Formatioun riicht sech un all jonk Leit, déi sech spezialiséiere wëllen.

Op enger Première am Lënster Lycée: De Quentin Ghysens ass vu Formatioun Ingenieur - Maschinebauingenieur. Zu Darmstadt an op der Uni um Kierchbierg huet hie studéiert. Zanter 5 Joer schafft de fréiere Konschtturner als Proff zu Jonglënster.

"Smart Technologies" nennt sech eng nei Formatioun an der Beruffsausbildung. Hei ginn all Beräicher vun der Technik ofgedeckt. Zesumme mat engem aneren Enseignant huet de Quentin den Techno-Cours ausgeschafft, deen an dëser Formatioun um Programm steet.

A 5 Lycéeë gëtt dës nei Formatioun ugebueden. Dorënner zu Jonglënster. Op 4ième geet et lass a vun 2ième un fänken d'Spezialisatiounen un.

"Smart Technologies" ass eng Technikerausbildung. No der Première huet een en Diplom an der Täsch an de Choix tëscht schaffen oder weider studéiere goen.

Nieft dem Lënster Lycée gëtt dës Techniker-Formatioun och am Arts et Métiers, dem Escher Lycée Guillaume Kroll, dem Emile Metz an zu Ettelbréck am Lycée Technique ugebueden.

Back to Top
CIM LOGO