Dësen Zenter ass eng Zesummenaarbecht vum CGDIS a vu LuxAirport a steet fir eng supplementär Etapp fir d'Sécherheet fir de Fluchhafen a fir d'Quartiere ronderëm.
An der Kasär gëtt et nämlech e sougenannte Volet "urban side", wat bedeit, datt och d'Ekippe vum Findel kënnen op den Terraine vun den Nopeschgemengen agesat ginn. Esou dréit dëse Volet zum Plan national d'organisation de secours bäi, dee virgesäit, datt egal wou am Land eng Hëllefsekipp a manner wéi 15 Minutten op der Plaz soll sinn.
Dës modern Kasär ersetzt dat alt Gebai um Fluchhafen, wat elo schonn 80 Joer um Bockel huet.