
D'App fir d'Haaptstad gëtt et scho méi laang, déi nei Versioun awer beweegt sech ewech vun de stateschen Informatiounen a passt sech u säin Notzer un.
Soe mer, ech wunnen an der Stad – deen Amenthunn ech d'Optioun an der App Informatiounen an Erënnerungen op déi éischt Säit ze späicheren – wéini ginn d'Poubellen ofgeholl, wéi gëtt d'Wieder um Wee op d'Aarbecht? Ass de Bus pünktlech?
Et sinn eng Hellewull Informatiounen op enger Plaz gesammelt, esou d'Lydie Polfer, Stater Buergermeeschtesch.
„Ech géing soen, mir hu bal alles dra gepaakt, wat een nëmme kann als Froen hunn un d'Stad Lëtzebuerg.“
Sief et fir den Awunner, Tourist oder d'Persoun, déi an der Stad schafft – profitéiere ka jiddereen. Iwwert d'Funktioun „Explorer“ kann den Notzer déi ganz Stad entdecken, ewéi ënner anerem Parken, Spillplazen, Chantieren, ëffentlech Toiletten, oder och Konscht a Kultur-Manifestatiounen.
D'Adressbuch soll weider vergréissert ginn, esou de Stater Schäffen, Serge Wilmes.
„De Commerce wäert Enn Oktober och nach op der App ze fanne sinn.“
Och nei ass d'Optioun Push-Notifikatiounen ze kréien, sollt et zu Verspéidungen op engem senger AVL-Bus-Linn kommen.
An der App fënnt een och de Live-Update wéi vill Parkplazen nach an de verschiddene Parkhaiser uechter d'Stad ze fanne sinn. Awer och wei vill Veloh'en nach op de verschiddene Statioune sinn.
D'App ass op 3 Sproochen: Däitsch, Franséisch an Englesch.
Gewësse Servicer vun der Stad kënnen och direkt iwwert d'App kontaktéiert ginn.
