Invité vun der Redaktioun (25. November) - Christophe HansenNei Drénkwaasser-Direktiv wäert wéineg Impakt op Lëtzebuerg hunn

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie war den CSV-Europadeputéierten eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Christophe Hansen
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Déi nei europäesch Drénkwaasser-Direktiv kéint nach dëst Joer duerch d'EU-Parlament goen. Dat sot den CSV-Europadeputéierten a Rapporter vun der Direktiv, de Christophe Hansen, am RTL-Interview.

Déi nei Direktiv gesäit zum Beispill méi streng Propretéitscritèrë vir. E ginn nei Grenzwäerter gesat. Och well een elo déi technesch Moyenen huet, fir méi präzis Tester ze maachen, wéi den Invité vun der Redaktioun erkläert huet.

Den Impakt op d'Memberstaate wäert ganz ënnerschiddlech sinn. D'Waasseropbereedung zu Lëtzebuerg zum Beispill ass scho ganz gutt, an anere Länner awer nach net.

Den Ament hunn an der EU 20 Millioune Mënsche kee proppert Drénkwaasser a 6 bis 8 Millioune guer keen Accès op Waasser, sou nach d'Präzisioun vum Christophe Hansen.

E Méindeg de Moie war den CSV-Europadeputéierten eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO