Coronavirus, Krich, Fake NewsNei Erausfuerderunge fir d'Educatioun

Anne Wolff
Fir op déi ze reagéieren, hu sech en Dënschdeg eng Rëtsch Experten aus dem edukativen a wëssenschaftleche Beräich getraff.
© AFP (Archiv)

Nei Erausfuerderunge fir d’Educatioun / Reportage Anne Wolff

D’Auswierkunge vun der Covid-Kris spieren d’Schüler och zu Lëtzebuerg. Tëscht dem Abrëll 2020 an Oktober 2021 goufen eng ronn 40.000 Kanner an eng strikt Quarantän gesat, Homeschooling war ugesot. E groussen Defi am Beräich vun der sozialer Gerechtegkeet, hei sinn nach vill Froen op. Dofir huet d’Stëftung “Upfoundatioun” eng éischt Konferenz mat Experten aus Wëssenschaft an Educatioun organiséiert.

D’Pandemie hätt d’sozial Schéier tëscht aarm a räich nach méi grouss gemaach, erkläert de Gaston Ternes, President vum Conseil scientifique vun der Upfoundation. Zu Lëtzebuerg si ronn e Véierel vun de Kanner vun Aarmut bedrot, esou eng Etüd vum Statec.

Am Homeschooling war d’Ënnerstëtzung vun Doheem fir d’Kanner besonnesch wichteg, ma och soss spillen d’Elteren eng wichteg Roll. De Philippe Meirieu, emeritéierte Professer an den Educatiounswëssenschaften, seet, et misst een den Eltere weisen, wéi se hir Kanner an der Schoul ënnerstëtze kéinten.

Eng zweet grouss Erausfuerderung wieren déi vill Fake News, déi Kanner a Jugendlecher zu all Moment am Internet ofruffe kënnen. Hei wier et wichteg, dass d’Kanner an der Schoul e kritescht Denke léieren a Quellen hannerfroen.

Aus dem Kick-off-Event an der Abtei Neimënster solle sech Pisten erginn, wéi d’Enseignanten an Zukunft op déi Problemer reagéiere kënnen.

Back to Top
CIM LOGO