Mir waren eis esou ee Cours ukucken, op enger 3ième am Lënster Lycée, deen 1.100 Schüler zielt. Eng Partie sinn an enger Techniciensklass, Sektioun "Smart Technologies" ageschriwwen, eng nei Beruffsausbildung ëm erneierbar Energien.
E Projet, deen a 5 verschiddene Lycéeën am Land ugebuede gëtt. Op 4ième an 3ième sinn d'Coursë landeswäit identesch. Déi lescht 2 Joer kënnt et dann zu Spezialisatiounen.
Terrainsaarbecht ass bei dëser Formatioun wichteg. Dohier mussen d'Schüler op 2ième a 1ière bei e Patron schaffe goen. Hei kënnen déi Jonk hiert Wëssen direkt an Dot ëmsetzen.
No der Première huet een en Diplom an der Täsch an de Choix tëscht schaffen oder weider studéiere goen.