Smart TechnologiesNei Formatioun soll Ausbildung zum Elektriker op neiste Stand bréngen

Tim Morizet
Kevin Kayser
Déi nei Formatioun soll mat der Rentrée 2019/2020 ulafen a soll d'Ausbildung zum Elektriker zu Lëtzebuerg op den neiste Stand bréngen.
Ausbildung vum Elektriker op den neiste Stand bréngen
Déi nei Formatioun soll mat der Rentrée 2019/2020 ulafen a soll d'Ausbildung zum Elektriker zu Lëtzebuerg op den neiste Stand bréngen.

Den Elektriker, wéi e fréier ausgebilt gouf, passt eigentlech net méi zur Welt, ewéi se haut dobaussen ass. Esou den Educatiounsminister Claude Meisch en Dënschdeg de Moien an der Stad. Mir liewen an enger digitaler Welt, enger Welt vun der Energie-Effizienz, der Robotiséierung, an der intelligenter, grénger Energie. Dës nei Denkweis misst sech och am Schoulsystem erëmspigelen.

An dem Kader gouf eng nei Techniker Formatioun „Smart Technologies“ um Geesseknäppche presentéiert.

Déi néi Formatioun, déi mat der Rentrée 2019/2020 uleeft, wëll d'Elektriker-Ausbildung zu Lëtzebuerg op den neiste Stand bréngen. D'Ausbildung vu véier Joer, dorënner 2 Joer mat enger Spezialisatioun, soll sech un den direkte Besoin um Aarbechtsmarché am Grand-Duché upassen. D'Contenue vun der neier Formatioun goufen zesumme mat Entreprisen aus den verschiddene Secteuren ausgeschafft, wat Aktualitéit, ma och direkt Stageplaze garantéiere soll. Déi nei Formatioun gëtt a 5 Lycéeën uechter d'Land offréiert, dat op Däitsch a Franséisch*.

De Lycée technique vun Ettelbréck setzt virun allem op erneierbar Energien a wëll esou Schüler motivéieren. Dem Fränk Fries, Direkter vum Lycée Technique Ettelbréck, no géifen ëmmer méi Jonker an der Diskussioun em d'Ëmwelt participéieren. Dofir kéint esou eng Formatioun, zum Beispill, en direkte Link tëscht dem Interessi an dem spéidere Job sinn.

D'Motivatioun ass och néideg. Tëscht 2010 an 2017 ass d'Zuel vun 262 Jonker, déi sech fir d'Elektriker-Formatioun ageschriwwen haten, op 165 gefall. Dat, obwuel de Besoin bei den Entreprisë weider klëmmt.

Déi nei Formatioun gëtt et och d'Optioun, fir zousätzlech Etüden op Héichschoulen oder Universitéiten am Ingenieurswiesen.

*Infotronik: Lycée des Arts et Métiers
Erneuerbare Energien: Lycée technique Ettelbrück
Robotik und Automatisierung: Lycée Guillaume Kroll
Smart Energy: Lënster Lycée Jonglënster
E-Controls: Lycée privée Emile Metz

Back to Top
CIM LOGO