
D’Baisse vun den Immobiliëpräisser war op ee Joer gekuckt am zweeten Trimester nach méi staark ewéi virdrun, esou de Statec an den Observatoire de l’Habitat. Aus den neien Zuele geet ënnert anerem ervir, datt d’Präisser vun Haiser an Appartementer zesummegekuckt ëm 6,4% par rapport zu 2022 gefall sinn.
Wann een déi verschidde Kategorië vu Wunnenge kuckt, ass d’Evolutioun awer ganz ënnerschiddlech: d’Baisse vun de Präisser ass am däitlechste bei Haiser, déi scho stinn, an zwar Minus 13,6%. Bei Appartementer, déi scho gebaut sinn, ass et eng Baisse vu 4,5%.

Fir Appartementer, déi geplangt sinn oder schonn amgaang sinn, gebaut ze ginn - sougenannt VEFA - ass et awer nach eng Hausse vun 2.2%.

Anescht gesäit d’Situatioun dogéint bei den Appartementer aus, déi am Bau sinn. Hei gouf et eng Hausse vun 3,1 Prozent par Rapport zu Zejoert. Dat awer nodeems d’Präisser an den 2 Trimestere virdrun zréckgaange waren.
De Statec an den Observatoire de l’Habitat stellen awer och fest, datt d’Aktivitéit am Immobiliëmarché weider ofgeholl huet an zwar am meeschten ebe grad am Beräich vu Wunnengen, déi amgaang sinn, gebaut ze ginn. De Volume vun den Transaktioune vun den Appartementer, déi am Bau sinn, ass am Verglach zu Zejoert ëm 63,2% erofgaangen.
869 Appartementer goufen tëscht Mee an August verkaaft. Wann een d’Transaktioune vun allen Appartementer, also déi bestoend an déi am Bau kuckt, goung de Volume ëm 43,4% erof. Dëst wier eng Evaluatioun, déi ee schonn zanter 2 Joer géing observéieren, heescht et am Rapport, mee déi sech zanter dem Ufank vum Joer awer nach eng Kéier verstäerkt hätt.
Méiglech Erklärungen heivir sinn déi héich Zënsen. Engersäits, dass d’Investisseuren dowéinst manner an nei Appartementer investéieren. Anerersäits géingen dëst och de Proprietären ze schafe maachen. Doriwwer eraus bestéing deels nach ëmmer Onsécherheeten iwwert de Präis vum Bau.
Genausou wéi bei den Appartementer geet dann och de Chiffer vum Verkaf vun den Haiser zréck. Hei gouf eng Baisse vun 46,8 Prozent par rapport vum 2. Trimester zejoert festgestallt. An dëse 4 Méint goufe 421 Ventë gezielt. Viru Covid waren et an der Moyenne 942 an dëser Period. Also iwwer duebel esou vill.
Manner Elan ass dann och am Marché vun de Bauterrainen. Hei goufen et just nach hallef esou vill Transaktiounen, wéi dat am 2. Trimester zejoert nach de Fall war.