
Dat äntwert d’LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert dem CSV-Deputéierte Max Hengel op eng parlamentaresch Fro. Et handelt sech ëm d’Mutatioune BQ.1 respektiv BQ1.1, déi sech zënter Wochen och an Europa verbreeden an d’Variant BA.5 no an no dierften ersetzen.
D’Santé präziséiert awer, datt déi nei Mutatioun zu Lëtzebuerg eréischt 13 Prozent ausmécht, obwuel se scho 7 Wochen zirkuléiert. 242 Infektioune goufen an deem Kontext registréiert.
Dat géing also net drop hindeiten, datt déi genannt Versioun vum Virus däitlech méi transmissibel wier, heescht et vun der Ministesch.
Den CSV-Parlamentarier hat sech a senger Froestellung op international Virologe beruff, déi virun enger staarker Verbreedung an neie grousse Covid-Welle gewarnt haten.