
Dat huet sech d’Agence Luxinnovation virgeholl. Mat hire verschiddene « Fit 4»-Programmer huet si zejoert iwwer 400 Betriber an iwwer 200 Startuppen ënnerstëtzt. A genee dës Programmer sollen och elo reforméiert ginn, fir dass Entreprisen kënnen nach méi effikass schaffen, well si ënner anerem bei hirer digitaler Transitioun ënnerstëtzt ginn.
Digitalisatioun, Innovatioun a Nohaltegkeet. Dësen dräi Critèren no sollen d’“Fit 4”-Programmer vun der Agence Luxinnovation iwwerschafft ginn. D’Betriber an déi ganz Wirtschaft fit maachen am Beräich vun der Digitaliséierung. De Wirtschaftsminister Franz Fayot ënnersträicht d’Wichtegkeet vun der Kollekte an Analys vun Donnéeën:
„Mir wëssen alleguer, dass Daten deen Ingredient sinn, fir eis an alle Beräicher méi effikass ze maachen. Sief dat am Beräich vun der Santé, de Beräich Digital Health, awer och am Beräich vun der Mobilitéit, vun der Industrie 4.0 oder am Beräich vum Artisanat. Iwwerall gesi mer dass Daten de Gamechanger si fir eng méi effikass a méi kompetitiv Wirtschaft.“
Fir Firme géingen et vill Léisungen am digitale Beräich ginn. Dat kënnen zum Beispill digital Solutioune sinn, fir Stocke besser ze geréieren. Weider wier eng nohalteg Entwécklung wichteg. Duerch déi aktuell Energiekris wier et ëmsou méi wichteg ginn, méi spuersam mat de Ressourcen ëmzegoen.
Wéi Luxinnovation Betriber hei ënnert d’Äerm gräift erkläert d’Direktesch Sasha Baillie:
«D’Entreprisë kënne fir d’éischt e mol kucken, wéi hiren Energieverbrauch ass. Wéi ka se anescht funktionéiere, fir villäicht den Energieverbrauch erof ze kréien? Wéi sinn hir Prozesser an der Utilisatioun vun de Ressourcen? Ob dat e Betrib ass an der Produktioun oder einfach e Betrib, dee gewësse Material benotzt. An do kann et hëllefen, wann een e Bilan carbone gemaach kritt, wann een einfach mol eng Expertise vu bausse kritt, déi einfach mol en Diagnostique mécht.»
D’Entreprisen hätten hei och d’Méiglechkeet staatlech Subsiden ze kréien, fir kënnen a méi ressourcëfrëndlech Technologien ze investéieren. Passend zum Sujet gouf dann och en neie Programm ausgeschafft.
«Dat ass dann de Fit 4 Sustainabilty. Do geet et drëms, de Betriber ze hëllefen an ze gesinn, wéi hiren Energieverbrauch ausgesäit, wéi hire Blan carbone ausgesäit an da jee no Typ vu Betrib, jee no Méiglechkeeten eben ze identifizéieren, wat kann dee Betrib besser maachen, fir méi nohalteg kënnen ze funktionéieren. »
Fir déi Programmer aus der Serie, déi schonn existéieren, soll de Fit 4 Digital méi sécher ginn, fir Hacker-Attacken ze evitéieren. Och soll de Programm Fit 4 Innovation de Betriber elo d’Méiglechkeet ginn, sech nach méi einfach ze moderniséieren, andeems se zesumme mat Luxinnovation nei Businessmodeller ausschaffe kënnen.