D’Konzept fir dat sougenannte “PatientenHouse” gouf ewell viru Joren am Kader vum Projet “patient partenaire” entwéckelt. D’Iddi dohannert ass et, eng Ulafplaz fir Patienten ze schafen, déi vun enger chronescher Krankheet betraff sinn. Dës Patiente sollen déi néideg Explikatioune kréien, iwwert den Traitement vun hirer Krankheet a wou si sech therapeutesch Hëllef kënne siche goen. Dat neit Patientenhaus vum CHL ass awer net nëmme fir krank Leit do. Och hiert Ëmfeld soll déi néideg Informatioune kréien. Et soll dohier net nëmmen d’Krankheet u sech thematiséiert ginn, mä och dat néidegt Wësse vermëttelt ginn, fir kënne mat dëser am Alldag ze liewen.
Och den neien Daachverband vun de Patientevertriedunge gesäit dës Ulafstell als ee wichtege Schrëtt, fir d’Kommunikatioun tëscht Patienten an den Dokteren ze verbesseren. Déi krank Leit sollen am Mëttelpunkt vum Echange stoen, fir dass hir Problemer an hir Lutte géint d’Kränkt eescht geholl ginn.