Zu EschNeie Centre de consultation 7 Deeg op 7 op a funktionéiert ouni Rendez-vous

Christophe Hochard
Nom Kierchbierg, wou an der fréierer Nationalbibliothéik e Centre de consultation Covid-19 opgaangen ass, gëtt et zënter e Mëttwoch eng zweet Struktur.
Neie Centre de consultation zu Esch
Aus enger Autogarage gouf elo eng zweet Struktur, wou Leit mat Symptomer oder positiv getest goufen, sech kënne behandele loossen.

Den neie Centre de consultation gouf zu Esch/Lankelz installéiert an huet 7 Deeg op 7 op, vu moies 10 bis nomëttes 17 Auer, op a funktionéiert ouni Rendezvous.

An dësem Gebai goufe wärend 27 Joer Autoe verkaf. Zenter e Mëttwoch kënnen hei Leit hikommen, déi Covid-19-Symptomer hunn oder positiv op de Virus getest goufen.

Bis zu 250 Patienten den Dag kënnen zu Esch passéieren. Déi medezinesch Ekipp besteet aktuell aus ënner anerem 2 Dokteren. D'Betreiung ass gratis.

Ugangs vun der Pandemie gouf jo op d'Zelter vun der Arméi zréckgegraff, fir déi eenzel Centres de soins avancés z'installéieren.

Back to Top
CIM LOGO