Am Projet vum Chem wär dat awer net de Fall, kritiséieren Ëmweltmedezinner an och Akut, d’Associatioun fir Ëmwelttoxikologie, déi schonn zanter 2 Joerzéngten eng Ëmweltklinik fuerdert. Am Koalitiounsaccord ass esou eng Struktur virgesinn. Den Optrag goung 2019 un de Chem. Ma den neie Generaldirekter schléit awer aner Weeër an.
Eng 200m2 grouss Infrastruktur am Südspidol mat 6 ambulante Plazen an zwee Zëmmeren, wou schwéier krank Ëmweltpatiente kënne behandelt ginn. De fréiere Generaldirekter vum Chem hat sech um Koalitiounsaccord orientéiert. Säi Successeur, den Dr René Metz, huet de Projet gekippt. Wëll den Ament keng Ëmweltklinik plangen. Mee lo mol mam Staatslabo eng Ulafplaz am Chem schafe fir Ëmweltpatienten a Medezinner.
“Contrairement zu mengem Virgänger - an dat soen ech da mat den néidegen Nuancen, déi ee muss hunn - mengen ech, dass ech mech seriö mam Sujet beschäftegt hunn. An ech hunn net iergendwellech strategesch Bau-Elementermenge virun e medezinescht Konzept gesat.”
D’Vernetze vu Patienten, Ëmweltmedezinner, dem Staatslabo senge Rechercheméiglechkeeten an der Uni.lu, déi an Zukunft Formatiounen an der Ëmweltmedezin ubidde wëll. Esou gesäit de Generaldirekter lo mol d’Roll vum Chem.
“Dat hei ass e medezinescht Konzept, wou mer esou gutt mat der KUL (Katoulesch Uni Leuven), wéi och mat der Universitéit Stroossbuerg driwwer geschwat hunn, deen et ënner änleche Forme gëtt an et ass dat, wat an Europa op ganz ville Plazen, d’Leit als Ëmweltmedezin verstinn.”
Dem Dr Metz seng Konzeptioun vun Ëmweltmedezin ass eng aner wéi eis, kontert Akut.
Der Weltgesondheetsorganisatioun no wären 2-8% vun der Populatioun vun Ëmweltkränkte betraff, seet de President vun der Associatioun fir Ëmwelttoxikologie Jean Huss:
“Dat entsprécht der Zuel vun Diabetiker. Diabetiker komme jo och an d’Spidol a gi behandelt. Firwat gi Fibromyalgie-Patienten, MCS (Multipel Chemesch Sensibilitéit) Patienten asw. net a Spideeler behandelt ? Also ech schwätzen ëmmer nëmme vun deene grave Fäll, awer déi grave Fäll mussen och d’Recht hunn, behandelt ze ginn.”
Akut, Almen - d’Associatioun vun den Ëmweltmedezinner - grad esou wéi déi interdisziplinär Organisatioun Scente waren am November vum Chem zesumme mat aneren Acteuren op e Workshop zum Sujet Ëmweltmedezin invitéiert. Een interessanten an animéierte Workshop, fënnt de Generalist an Ëmweltmedeziner Dr Joe Diederich:
“Wéi d’Konklusioune komm si vun deem Workshop, ware mer enttäuscht, well dat, wat mer an der Introduktioun als Konzept gewise kruten, dat selwecht war, wat duerno zréckbehale gi war. Trotz den Interventiounen, déi dee Moie gemaach gi sinn.”
Akut an d’Associatioun vun den Ëmweltmedezinner deelen dës Aschätzung. Et fillt ee sech also net gehéiert. Den neie Generaldirekter iwwerdeems ënnersträicht, mëttelfristeg kéint de Projet Ëmweltmedezin och méi wäit goen. Hie wéilt mat de Leit vum Terrain zesummeschaffen, iewescht Prioritéit wier awer den aktuelle Stand vun der Wëssenschaft. Ma iwwer deen ass ee sech och net eens.