Haut gesäit een, dass dëse ganz spezielle Bau geschwë wäert prett fir de Gebrauch sinn. An Zukunft kënnen zwou weider grouss Cuvë mat am ganzen 1.000 m3 Drénkwaasser gefëllt ginn, fir den Nord-Oste vun der Haaptstad mat deem wäertvollen Naass ze versuergen.
Genuch Waasser fir de Kierchbierg vu muer
Hei geet et ëm de Kierchbierger Plateau, dee jo iwwer déi nächst Joerzéngten dausende Leit wäert bäikréien. Et ass e Bauwierk mat Vue, déi een a Visite-guidéeë soll genéisse kënnen. De Waassertuerm steet hannert der Luxexpo, an der Zone Verte, enger Natura 2000, um héchste Punkt natierlech, vum Kierchbierg. Seng Bëtongskonstruktioun gëtt zum Deel mat Holz verkleet, fir sech an d’Natur ze integréieren. D’Natura-2000-Oplage gesinn dann och vir, dass déi geschützten Déiere wéi Vullen a Fliedermais en neien Habitat um Site kréien an dat heescht zum Beispill, dass Plazen, fir ze schlofen oder ze bréien, an d’Konstruktioun integréiert ginn, och wann déi aus Bëtong sinn.
48,7 Meter héich an 2 Cuven, déi sech kënnen depanéieren
Bis Enn vum Joer missten d’Aarbechte fäerdeg sinn, mengt de Steve Philippi, Ingenieur vun der Stad a responsabel fir de Chantier. Den Ament ass een um Beworf vun de Cuven, dem Leeë vun de Leitungen an dem Zéie vum Elektreschen. Zum Schluss gi ronderëm de Bau Accès an Natur prett gemaach fir d’Fonctionnement vun dësem Waassertuerm, dee fir e puer Joerzéngte seng Aarbecht wäert maachen, esou den houfregen Ingenieur.
E Cocktail aus Sebes-Waasser a Stater Quellen
Mat dësem Waassertuerm kann d’Quellewaasser vu Koplescht – d’Stad huet där Gemeng déi Quell viru Joerzéngten ofkaaft – op de Kierchbierg eropgepompelt ginn. Mamm Naass vun de Glasbouren mat dobäi gëtt da vum neien Tuerm aus a Richtung Stad gekuckt, d’Krinn op der rietser Säit vum Kierchbierg gefëllt. D’Säit vum Spidol bis bei d’Sainte Sophie kritt d’Waasser vum Sennengerbierger Tuerm, also vun der Sebes.
Vum nächste Joer un – also schonn iert de Plateau, Wunn- a Schaff-méisseg saturéiert ass, gëtt de Waasserkonsum fir de fréiere landwirtschaftlechen Deel vun der Stad nom neie System gereegelt…mat engem Stater Quellen a Sebes-Cocktail an dat bis 2045, sou d’Prognos vum Max Biell, Chef vum Stater Waasserwierk.
Nach en neien Tuerm bräicht een elo mol net, erkläert den Ingenieur, wuel awer nei Behälter zu Koplescht a Sandweiler, wann elo nach de Wiedergott mat vun der Partie ass, wäert um Kierchbierger Plateau haut a muer wuel nach keen erdiischteren.