
Dat schreiwen d’Gewerkschaften OGBL an LCGB iwwert den neie Kollektivvertrag fir d’Leit, déi bei Cora schaffen, an dee retroaktiv op den 1. Januar dëst Joer gëllt.
Den neie Kontrakt fir déi ronn 470 Salariéen, déi zu Féiz an op der Helfenterbréck schaffen, leeft bis 2024 a gesäit eng komplett nei Paien-Grille an eng Brutto-Primm vir, déi d’Anciennetéit am Betrib honoréiert.
Och bei der Sonndesaarbecht gouf et en Accord, deen déi 4 Stonnen depasséiert, déi bis ewell virgesi sinn. Sou kann och sonndes “en commun accord” iwwert dës Stonnen eraus geschafft gi mat enger Majoratioun vun 100% op der Pai.
D’Leit, déi an den zwee Cora-Butteker schaffen, kréien do dernieft fir dëse Mount eng eemoleg Primm vun 240 Euro op de Kapp ausbezuelt.