Bis 2025Neie Kollektivvertrag fir Salariéeë vun ArcelorMittal

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Leit, déi bei ArcelorMittal an der Stol-Filière schaffen, gëtt et no engem Joer laange Verhandlungen en neie Kollektivvertrag.
© Maxime Gonzales

Dorop hu sech d’Direktioun an d’Gewerkschaften OGBL an LCGB gëeenegt. Wéi et heescht, géif duerch den neien Text d’Kafkraaft vun de Salariéeë gestäerkt ginn.

Detailer iwwert d’Hausse vun de Paien, op déi sech eens gesat gouf, liwwert e Communiqué keng Prezisiounen. Ouni dës finanziell Detailer ass natierlech d’global Envergure vum neie Kollektivvertrag vum Stol-Grupp schwéier anzeschätzen, mä gewosst ass just, datt déi nei Aarbechts-Dispositioune bis 2025 lafen.

Direktioun a Gewerkschafte setzen an Zukunft op den dekarboniséierte Stol, deen de Betrib soll innovativ a kompetitiv maachen.

Back to Top
CIM LOGO