Mir soe Merci!!!Neie Rekord: 2.060.211 Euro koume beim Télévie-Spendemarathon zesummen

RTL Lëtzebuerg
All Joer gëtt de groussen Télévie-Spendemarathon mam groussen Télévie-Dag op all den RTL-Medien ofgeschloss.
© Eric Steichen
Télévie: Mir soe Merci!
Neie Rekord: 2.060.211 Euro koume beim Télévie-Spendemarathon zesummen.

Och dëst Joer gouf nees eng Télévie-Woch organiséiert mat engem Programm, dee sech iwwert e puer Deeg gezunn huet. D’ganzt Joer iwwer hu privat Leit, Benevollen, Veräiner, Associatiounen a Firme sech fir den Télévie agesat, Done gesammelt a sech domadder fir d’Lutte géint de Kriibs staark gemaach.

Bilan Télévie
2.060.211 Euro koume beim Télévie-Spendemarathon zesummen

Fannt all d’Fotogalerien an all d’Informatiounen op televie.rtl.lu

E Samschdeg war dee groussen Ofschloss vum Spendemarathon. Moies fréi gouf de Compteur um Radio lancéiert, wou jiddereen nach weider spende konnt. Telefonslinne ware vu 7 Auer un op an de ganzen Dag iwwer waren och nees eng Rei Live-Schaltungen a Reportagen an Temoignagen um Radio.

Owes an der Live-Emissioun op RTL Télé Lëtzebuerg goufen um Compteur final all Donen, déi wärend deem ganze Joer gesammelt goufen, annoncéiert an et koumen 2.060.211 Euro zesummen.

Dat ass een neie Rekord!

Wéi all Joer gëtt de ganzen Erléis un d’Kriibsfuerschung hei zu Lëtzebuerg gespent.

Mir soe Merci fir d’Ënnerstëtzung!!!

Kuckt hei déi ganz Télévie-Emissioun nach eng Kéier am Replay

D'Ofschloss-Emissioun vum groussen Télévie-Spendemarathon 1
Deel 1
D'Ofschloss-Emissioun vum groussen Télévie-Spendemarathon 2
Deel 2
D'Ofschloss-Emissioun vum groussen Télévie-Spendemarathon 3
Deel 3
D'Ofschloss-Emissioun vum groussen Télévie-Spendemarathon 4
Deel 4
D'Ofschloss-Emissioun vum groussen Télévie-Spendemarathon 5
Deel 5 bis zum Schluss

Zesumme géint de Kriibs - Mäin Don zielt

Back to Top
CIM LOGO