Gemeng Esch-SauerNeie Schäfferot steet, Mireille Welter gëtt nei Buergermeeschtesch

RTL Lëtzebuerg
An der Gemeng Esch-Sauer steet den neie Schäfferot. An enger Gemengerotssëtzung e Méindegowend goufen d'Kandidature via Vote secret ugeholl.
D'Mireille Welter
D’Mireille Welter gëtt nei Buergermeeschtesch vun der Gemeng Esch-Sauer
© Gemeng Esch-Sauer

Nei Buergermeeschtesch gëtt d’Mireille Welter, zweet Schäffin vu bis ewell. Neien zweete Schäffe gëtt de Jeannot Sanavia, dee bis elo Conseiller war. D’Jenny Schank bleift iwwerdeems um Poste vun der éischter Schäffin. Déi dräi Lokalpolitiker ware bei de Gemengewale fir d’"Biergerlëscht mat iech” ugetrueden. De Changement an der Nord-Gemeng geschitt an der Suite vun der Demissioun vum Buergermeeschter Laurent Hilger. Deen hat sech am Dezember aus gesondheetleche Grënn zeréckgezunn.

Back to Top
CIM LOGO