Kanner-JugendtelefonNeie Video beschreift de schwieregen Alldag vu ville Jonken

RTL Lëtzebuerg
Mat Ënnerstëtzung vum Tessy Antony De Nassau, déi jo Ambassadrice ass, gouf dëse Video op d'Been gestallt a rifft betraffe Jonker op sech ze mellen.
Kanner-Jugendtelefon
De Video weist den Alldag, wéi verschidde Jonker en erliewen...

De kuerze Film vum Kanner-Jugendtelefon weist Alldagssituatioune vu Jugendlechen, déi een esou an sech am léifsten evitéiert: Mobbing, kee Selbstwäertgefill, sozialen Drock oder stännege Sträit tëscht den Elterendeeler.

An dësem Video encouragéiere Schüler aus der Europaschoul aner Jugendlecher sech beim Kanner-Jugendtelefon um 116111 oder iwwert d’Online Helpline ze mellen an sech Ënnerstëtzung ze sichen, sollt se gebraucht ginn. Op alle Fall soll een an esou Fäll net roueg bleiwen.

D’Tessy Antony De Nassau, Ambassadrice vu dësem Projet, ass dann och am Video ze gesinn an ze héieren.

Den offizielle Site vum Kanner-Jugendtelefon

Back to Top
CIM LOGO