KlimawandelNeie Wand an al Partner, wann et ëm d'Zukunft vun der Klimapolitik geet

Pierre Weimerskirch
Duerch d'Pandemie kënnt neie Wand an d'Klimapolitik a mat den USA sëtzt en ale Partner nees mat am Boot.
Neie Wand an al Partner
Duerch d'Pandemie kënnt neie Wand an d'Klimapolitik a mat den USA sëtzt en ale Partner nees mat am Boot.

Par Rapport zu 2005 solle bis 2030 d’Emissiounen zu Lëtzebuerg ëm 55 Prozent reduzéiert ginn. Fir d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg misst een elo bei der Relance vun der Ekonomie déi richteg Akzenter setzen an elo klimafrëndlech Léisungen ze fannen. Fir d’ Ëmweltbeweegung Youth for Climate hätt een elo eng Chance nohalteg eppes ze änneren. An de leschte Méint huet d’Politik gewisen, datt a Krisesituatioune séier ka reagéiert ginn. Dat kéint der Klimapolitik zegutt kommen. D’Mobilitéitsgewunneschten hunn sech geännert, iwwert den Télétravail gouf net nëmme geschwat, ma et gouf bannent e puer Deeg ëmgesat. D’ Emissioune sinn d’lescht Joer staark zréckgaangen, d’Defie bleiwen awer zum Deel di nämmlecht. Datt d’USA nees dem Paräisser Klimaaccord bäitrieden,  wier international ee wichtegt Zeechen, esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

Déi erneierbar Energië goufen an de leschte Joren ausgebaut. Am Mee 2019 goufen d’Accisen op de Pëtrolsproduiten erhéicht. Tëscht Mee an Dezember 2019 gouf manner Diesel wéi an der Referenzperiod dat Joer virdru verkaf gouf. 2020 koum d’CO2-Steier dobäi. Pandemie bedéngt wier et schwiereg, den Impakt vun dëser neier Stéier ze moossen.

Iwwert eng Motioun huet di gréissten Oppositiounspartei och dës Woch gefrot, datt de Staat mat senge Verwaltungen eng Virbildfunktioun anhëlt. Bis 2040 sollen d'Verwaltunge klimaneutral ginn, esou d'Martine Hansen, Fraktiounspresidentin vun der CSV.

RTL NEWS: Éischten Ëmweltdag zu Lëtzebuerg - De Gesondheetszoustand vun eise Beem hëlt permanent of

Back to Top
CIM LOGO