2024 gëtt e fäerdegNeien Nationalarchiv um Belval gouf gestëmmt

RTL Lëtzebuerg
"ANLux" soll den neien Nationalarchiv heeschen. Am neie Gebai um Belval bei der Uni Lëtzebuerg gëtt Plaz fir den Archiv a fir d'Administratiounen.
© Bureau d’architecture Paul Bretz

De Chantier fänkt Mëtt 2021 un a soll 2024 fäerdeg sinn. Virgesinn ass ee Budget vun 77.270.000 Euro, fir de Bau, den Amenagement um Site um Belval a den Equipement. De Gesetzesprojet fir d'Konstruktioun an den Equipement vum neien Archiv gouf en Donneschdeg an der Chamber gestëmmt. Den Neibau ass iwwerdeems am "Kulturentwécklungsplang 2018-2028" verankert.

Déi nei Struktur gëtt méi grouss an d'Konditioune fir den Archivage, ënner anerem d'Temperatur an d'Sécherheet, gi verbessert. D'Gebai gëtt 16.000 Meter Carré grouss, dat op 7 Etagen. No bei der Uni Lëtzebuerg kéint och d'Recherche besser vun den Archive profitéieren.

© Bureau d’architecture Paul Bretz

Beim Gebai wier nohalteg an effizient Energie wichteg. Den Architektebüro Paul Bretz, Milestone Consulting Engineers an BLS Energieplan Ingéniers-Conseils hunn den neien Nationalarchiv entworf. De Bauhär ass de Fonds de Belval.

Back to Top
CIM LOGO