Wëll Faart um ParkingNéng Autoe beschiedegt an eng Fra ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg géint 10.40 Auer hat ee Chauffeur op engem Parking an der Aktivitéitszon "Op Herbett" zu Schëffleng säi Gefier net am Grëff.
© RTL/Archiv

D’Police mellt an hirem Bulletin, datt et um Donneschdegmoien zu engem méi spektakulären Accident op engem Parking an der Aktivitéitszone “Op Herbett” zu Schëffleng komm ass. Beim Aparken huet ee Chauffeur aus onbekannte Grënn säi Gefier beschleunegt an d’Kontroll verluer. Hien ass queesch iwwer de Parking gefuer an ass dobäi widder stationéiert Gefierer gerannt an huet eng Fra ugestouss, déi mat liichte Blessuren dervu koum. De Chauffeur vum Auto gouf iwwerdeems net blesséiert, koum awer fir eng Kontroll an d’Spidol. De Bilan vu senger Faart ka sech weise loossen: Am Ganze goufen néng Autoen, zwou elektresch Luedstatiounen an een Ënnerstand fir Akafsweenercher beschiedegt, souwéi eben eng Persoun liicht blesséiert.

Schonn en Dënschdegowend géint 19.40 Auer war ee Jugendlechen an der Géigend vun engem Supermarché an der rue des Gaulois um Stater Verluerekascht vun zwee jonke Männer iwwerfall ginn. Si hunn hiert Affer gewiergt an op de Buedem gedréckt. Geklaut goufe Boergeld, een Handy, eng Auer, eng Ketten an ee Plover. Déi zwee jonk Männer waren tëscht 16 an 20 Joer al. Si hunn esouwuel Lëtzebuergesch wéi och Arabesch geschwat. Ee vun hinne war ongeféier zwee Meter grouss, deen aneren hat ee blo-schwaarzen Jogging vu Lacoste oder FootKorner un. Eng Sichaktioun um Dënschdegowend huet näischt bruecht. Et gouf eng Plainte gemaach an d’Ermëttlunge lafen.

Back to Top
CIM LOGO