VerwaltungsgeriichtNet an Zwangspensioun - Polizist kritt an 1. Instanz Recht

RTL Lëtzebuerg
Um Verwaltungsgeriicht huet e Polizist a sengem juristesche Sträit mam viregte Minister fir bannenzeg Sécherheet an 1. Instanz Recht kritt.

Den Tribunal administratif huet dem Mann säi Recours nämlech als justifizéiert ugesinn.

An deem Sträit goung et ëm eng Decisioun vum Etienne Schneider vu Juni 2018, duerch déi e Polizist wéinst berufflecher Onfäegkeet a moralescher Disqualifikatioun an d'Pensioun sollt geschéckt ginn. Amplaz dovu soll hien elo 6 Méint ausgeschloss ginn an déi Zäit keng Pai kréien, an de Polizist an de Staat solle 50/50 fir d'Fraisen opkommen.

Verwaltungsgeriicht / Keng Zwangspensioun: Eric Ewald

Am Februar 2013 hat de Generaldirekter vun der Police den deemolege Kommissär an en anere Centre d’intervention detachéiert, fir d'Enn vun der juristescher Enquête géint hien ofzewaarden. De Police-Generaldirekter hat de Regionaldirekter am Oktober vun deem Joer gefrot, fir eng Instruction disciplinaire géint de Mann opzemaachen. Am Dezember 2014 hat d'Cour d'appel de Polizist vum Virworf vun der Justizbehënnerung am Kontext vun enger Affär mat engem Escher Hotelier fräigesprach. De Mann war am September 2017 iwwert d'Konklusioune vun der Instruction disciplinaire géint hien informéiert ginn, de Regionaldirekter hat dem Generaldirekter vun der Poliss am Oktober vun deem Joer de Rapport dozou geschéckt an de Polizist e puer Deeg drop séng Observatiounen dozou presentéiert. Am November 2017 hat de Police-Generaldirekter de Conseil de discipline vun der Force publique saiséiert. Deen hat am Februar 2018 gemengt, de Mann sollt zwangspensionéiert ginn. De viregte Minister fir bannenzeg Sécherheet hat doropshin am Juni zejoert en entspriechenden Arrêté geholl. De Polizist war am Juli d'lescht Joer dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.

Deem seng 1. Riichter halen an hirem Urteel fest, dass Sanktiounen ënner anerem geholl ginn op Grond vun der Gravitéit vun de Feeler a vun der Virgeschicht vum beschëllegte Fonctionnaire. D'Verhale vum Polizist an der Affär vun engem Escher Cabaret hätt dem Image vun der Police geschuet, dat wär eng extrem uerg Violatioun vun den Aufgabe vum Policecorps gewiescht, soudass d'Zwangspensionéierung a priori justifizéiert wär. Wéinst dem Iwwerschreide vum sougenannten Delai raisonable wär awer eng manner héich Strof ze spriechen; et sollt een am Strofekatalog ee Grad erofgoen. Deemno wär de Mann 6 Méint vu senger Funktioun auszeschléissen, an hie sollt déi Zäit keng Pai kréien.

Back to Top
CIM LOGO